Header image
Geschichtsfrënn Bartreng asbl


Home

News

Geschicht

Comité

Kontakt

Member ginn

Mir sichen

Publikatiounen

Galerie

Links


 

Geschicht

Vun 1912 un ass d’Fläch vun der Gemeng Bartreng op 1739 Hektar fixéiert ginn. Dësen Territoire, huet méi oder wéineger d’ Form vun enger Ellipse get nördlech vun der Arelerstrooss a südlech vun der Lonkecherstrooss begrenzt. Bartreng bild deen extrem westlechen Deel vum Kanton Letzebuerg. Den Terrain selwer presentéiert sech als e liicht vallonéierten Dall an Hank vu Westen no Osten.

Um Ufank vum 19. Jorhonnert hu 679 Leit zu Bartreng gewunnt. An de 60 er Joeren vum leschte Jorhonnert ass déi Zuel ëmmer méi an d’Lut gaang , a bis haut sinn et der schonns 7400.


Während der réimescher Period war Lëtzebuerg, dat an Norallien louch, en Deel vun der Gallia Belgica an huet zur Verwaltungseenheet vun der Civitas Treverorum gehéiert. Nom gallesche Krich (58-50 v.C.) huet de Legat Vipsanius Agrippa, dee vum Julius Caesar agesat gi war, e Netz vu Stroossen entwéckelt. Déi grouss Axen Reims-Tréier-Köln a Metz-Tréier-Köln hunn d’Entwécklung vu villen Siedlungen erlaabt , wéi » d’ Vicussen « vun Duelem, Tëttelbierg, Waasserbëlleg, Nidderanven an Tossebierg. Nieft dem Etappenrelay vum Tossebierg mat senge Wiertschaften, Kéi- a Päerdsställ, Herbergen a Buden gouf et e groussen landwirtschaftlechen Domän mat enger Villa a Bauerenhaff zu Bartreng op Bourmicht. Dëst war wahrscheinlech schonns esou zur Zäit vum Caesar sengen Eruewerungen: deen Domän huet dann säin Héichpunkt zwëschen dem éischten an dem drëtten Jorhonnert vun eiser Zäitrechnung erlieft. Déi archeologesch Ausgruewungen hu Gemaier vun engem Haff, eng befestegt Genn a skulptéiert Steng déi en Deel vun engem Mausoleum a groussem Grawmonument waren, un d’Liicht bruecht. D’Villa selwer ass bis elo nach net ausgegruewe ginn. Während deems déi landwirtschaftlech Gebaier ausgegruewe gi sinn, hunn d’Archeologen eng erstaunlech Entdeckung gemat. Dräizéng merovingesch Griewer vum auslaafenden 6. Jorhonnert n.Ch. sinn an de réimesche Ruine fonnt ginn. Obschonns d’Griewer ausgeraibert gi waren , war et méiglech am Graf vun enger héier Perséinlechkeet Fibelen, gëllen Ouerréng, geschmollte Glaspärelen an en Amulett am Fielskristall ze fannen.


D’Franken ( 459-963 ) hunn eisem Duerf den Numm ginn d.h. den Numm vun engem fränkesche lokale Chef Bert oder Bertho mat dem Suffix –ingen fir ze soen dass déi Uertschaft dem Chef Bert gehéiert huet.


Am Mëttelalter, a méi präzis 1171, gouf d’Schlass Bartreng dat an der Mëtt vum heitegen Duerf stong, vum Grof Henri vu Lëtzebuerg zerstéiert. D’Par Bartreng gëtt fir t’éischte Kéier an engem Dokument vun 1128 erwähnt . Well d’Duerf an der Peripherie vun der Stad Lëtzebuerg louch, ass et all Kéier wann d’Festung belagert gouf, ausgeraibert an a Brand gestach ginn. Während dem Drëssegjärege Krich huet d’Pescht d’Halschent vun de Leit ewechgeraaft.


Am 18. an 19. Jorhonnert blouf Bartreng haaptsächlech e Bauerenduerf: d’Majoritéit vun de Leit waren Proprietären oder Doléiner. D’Zuel vun den Awunner ass nëmme lues geklommen .
D’Entwécklung vun der Kallekindustrie an de Bau vun enger Eisebunnslinn hu fest Aarbechtsplaze geschaaf an dem Duerf erlaabt e Sprong no vir ze maachen.


Am Zweete Weltkrich war Bartreng och den Nazien ausgesat . Baal all Famill hat ee vun hire Memberen oder Frënn an der aktiver Resistenz oder als Zwangsrekrutéierte agezunn.
Déi militäresch Operatiounen vun der Befreiung haten hiren Héichpunkt den 9.September 1944 erreecht mat der Panzerschluecht ëm d’Gréivelser Schlass zwëschen Dippech a Märel. Hei sinn déi déi liicht Panzer vun der 5. amerikanescher Arméi ënner dem Kommando vum Generol Lunsford E.Oliver op déi schwéier däitsch Mark V Panzer gestouss.

D’Installatioun vu Benzinsfirmen, der Zillefabrik a kommerziell Zentren souwéi d’Schafen vun enger Geschäfts-an Handelszon op Bourmicht hunn zu enger rasanter Entwécklung vun der Gemeng nom 2. Weltkrich gefouert.


Mat senger multikultureller an internationaler Populatioun, deene villsäitegen Activitéiten vu senge villen kulturellen a sportlechen Veräiner, sengen Geschäfts-an Handelszonen, sengen Vëlos-a Foussgängerweeër, sengen ëffentleche Plazen, Parken, senge Bëscher a senger gutt erhalener Ëmwelt , huet Bartreng sengen Awunner sou munches ze bidden…