Sonden 01.06.2025
Féierung "Déi Adeleg an der Kierch vun Bartreng"
10h30 Visitt op Letzebuergesch
Rdv virun der Kierch
Aschreiwen bis den 30.05.2025 ob der Mailadress : geschichtsfrenn.bartreng@gmail.com oder GSM : 621540208
D’Kierch vu Bartreng ass e Bau vun Ufank vum 18. Joerhonnert an eng Vergréisserung au der Mëtt vum 19. Joerhonnert. Em 1701 ass di al baufälleg Kierch erëm opgebaut ginn no Pläng vun der viregter. Sou dass di al Fënsteren e.a. am Style vum „gothique flamboyant“ nach haut ze gesi sinn. Em 1847 ass du am neogotesche Style en Transept, en neie Chouer an en neie Kierchtuerm dobäi gebaut ginn.
D’Visite guidée wäert d’Relatiounen zwëschent der Por an de Bartrenger Damen a Seigneuren ervirsträichen mat e.a. der Famill vun Schauwenburg. Hir Rechter mat dem Zéngten a mat dem Patronatsrecht awer och hir Pflichten. D’Seigneurie, déi bis ob mannst an dat 13. Joerhonnert zeréckgeet, ass bis zu der franséischer Revolutioun bestoe bliwwen. Awer och nach am 19. Joerhonnert hat d’Famill d‘Huart hir Plaz an der Kierch.